filmreakter


OPEN SCREEN

NEXT OPEN SCREEN: SUNSET CINEMA 26TH October

open screen okotber

sunsetos261007.jpg

———————————————————————————————————————————-

OPEN SCREEN @ SUNSET CINEMA 28TH September

sunset open screen

picture taken by Bik van der Pol

openscreen september

———————————————————————————————————————————-

banner.jpg

next 0s

 

kiosk01

kisok2

kisok3

kiosk4

Organized by LX5, Sascha Bachim and Mike Tereba
———————————————————————————————————————————-
banner.jpg

openscreenqueesch

Organized by QUEESCH and Filmreakter

www.infoladen.lu

———————————————————————————————————————————-

prowordprs1.jpg

opensciin

openscriin2

openscriin3

openscriin4

prowordprs2.jpg

———————————————————————————————————————————-

1601wordpr.jpg

The January Open Screen at the D:qliq has come and gone. A pleasurable evening with an interesting program: animation, musicvideo, documentary, silent and skate films – ranging from absolutely boring to absolutely brilliant (both extremes often attributed to the very same film by very different people) – entertained the audience in several different languages: german, italian, english, french and luxembourgish.

No one thought of taking a photo, so all i can post is the evenings program.

wordpresssss.jpg

The next OPEN SCREEN will take place somewhere in March, send an email to filmreakter@internet.lu to subscribe to our mailinglist or keep checking this

As to submitting films, you know the drill: open to everyone, any format welcome, max. lenght 25 mins. Contact filmreakter@internet.lu for mailingadress

———————————————————————————————————————————-

2511wordpr3.jpg

yann3.jpg

A LIST OF ALL THE MUSICVIDEOS SHOWN

Pomme,pomme,pomme Monique MELSEN director unknown, 1971
Proud Mary FAUSTI directed by René Steichen, 1971
Blind Man Cool Feet director unknown, 70’s
Di grouss Freiheet SOS Rock geint Drogen directed by Andy BAUSCH, 1987
The Rain Matt DAWSON directed by Andy BAUSCH, 1991
New Blue Skara BRAY directed by Menn Bodson, 80’s
APEMAN Everyday Zulu directed by Bruce GEDULDIG, 90’s
I want your magic back PARK CAFE directed Dan VINANDY Fabio Purino, 1988
Hiroman SONIC ATTAC directed by Melting POL, 1998
JULY 20 th PETROGRAD directed by Fred NEUEN, 2000’s
THE ONE NG COLIN directed by Steve Colin 2000’s
Trotzdem an emmer erem PLAKEG oder UGEDOEN directed by Yann TONNAR, 2005
Tango Crime in Elle TABOOLA RASA directed by Andy BAUSCH, 2000’s
I chose to pose FLUYD directed by Chris REUTER, 2000’s
Drogen und Digtalsynthesiser Schweinepest
director unknown, 2000’s
Alien Fränz Hausemer directed by Fränz Hausemer / Claude Grosch, 2004
Desperate Johny Sunshine RAFTSIDE directed by Filip Markiewicz, 2000’s
Where you never miss it
Daniel Balthasar directed by Véronique KOLBER 2000’s
Kossovomoss Legotrip directed by Yann TONNAR, 2004
CYPERPIPER CYBERPIPER directed by Helder Da Silva, 2005
COMPLICATED THORUNN directed by Ken FITZKE, 2003
TONKOPF Veste directed by Jeff KIEFER, 2000’s
Jump Down MOUSSEVINGT directed by Christian NEUMANN / Helder Da Silva, 2004
BELAXT TORPID directed by Fred NEUEN, 2004
Accept your destiny Dizzy Good directed by Mike Tereba, 2006
It’s not to late LIFEWIRE direcetd by Pier Hausemer, 2003
It’s over now LIBA directed by Ken FITZKE, 2000’s
Hot FAIL directed by Ken FITZKE, 2000’s
L’abandon de nos familles THE GENTLES directed by Ken FITZKE / Jeff Kieffer, 2000’s
ULO Serge TONNAR directed by Yann Tonnar / Claude Grosch, 2005
To the ship Sing song Girl directed by Tamarra KAPP, 2004
Alice in Underland Le Direction directed by Govinda Van Maele, 2006
Oh du leif kleng Zigarett FERN FOX director unknown, 80’s

PHOTOS OF THE TABLE RONDE THAT PRECEDED THE SCREENINGS

yann.jpg

yann8.jpg

yann10.jpg

All d’Photoen © Trash Picture Company

———————————————————————————————————————————-
260906wordpr1.jpg

open-screen.jpg

260906wordpr2.jpg

———————————————————————————————————————————-

060606wordpr.jpg

———————————————————————————————————————————-

04042006wordpr.jpg

———————————————————————————————————————————-

memories.jpg

MARCH 2005 at the former Espace K in Bonnevoie, Luxembourg-City

mar2005.jpg


1 Comment so far
Leave a comment

Kommunikatioun,
oder firwaat Lëtzebuerg Open-Screen brauch…

Wou ech an déi aal Fabrikshaal koum, soutzen schon eng véizeg jonk an manner jonk Lait an Fotellen oder stoungen hannen am Eck zefëmmen. Deen éischten Film. Voller Spannung huet hannen am Eck Een op d’Reaktioun vun den Zuschauer gewaart. Hien woar kuerzgebaut an huet hannert engem décken Brëll erausgekuckt. Hien woar den Réalisateur vun deem kurzen Film. Ech konnt nët wierklech eppes mat dem Film ufänken. Normalerweis wann ech aus dem Kino kommen stellen ech mir d’Fro: Wat wollt mir den Auteur erzielen? Ech sinn bei hien gaangen, an hun hien gefroot. Kommunikatioun.

Folgenden Text wëll probéieren ze erklären wéisou et wichteg fir eng national Filmbranche ass, eng Basis vun der Kommunikatioun zehun.

Open Screen, eng Definitioun.

Open Screen ass eng Initative vum Tanja Franck an vum Carlo Thiel. Eemol am Mount, waisen sie op emmer ennerscheedlechen Plaatzen Filmer. Den Ennertitel vum Event “Bring your own Movie” ass Programm. Jidwereen deen en Film, deen manner ewéi 20 Minutten dauert, dierf dësen Film waisen. D’Owender sinn souwuel gratis fir den Publique ewéi och fir d’Réalisateueren déi hier Filmer waisen. D’Organisateueren stellen fir Open Screen eng Leinwand an e Projekter zur Verfügung. Am Juni 2004 woar deen éischten Open-Screen, inspiréiert vum Cinéma Nova vum Bréissel. Zënterhier fënnt een vun Kéier zu Kéier ëmmer méi Lait op desen Owender. D’Filmer déi gewissen ginn sinn an allen Formater. Vum 35 millimeter Film bis hin zum Film deen mat engem Handy als Kamera entstaanen ass, gëtt alles gewissen. D’Réalisteuren déi matmaachen sinn an allen Altersklassen, verschiddener Amateuren aanerer Professioneller.
D’Idee ass ganz gewëss net nei. An sämtlechen internationalen Haaptstied ginn et schon méi laang Eventer dei dem Open Screen ganz ähnlech sinn. Desweidern ass d’Idee och net esou wait wech vum Lars von Trier senger Idee vun engem Open Film Town:
“The Open Film Town project is an extension of production activities and internal communication into the establishment of a centre for external, non-commercial, open discussion and studies to benefit the medium at every level in a way which will very much meet the needs of people who are relevant but not typical applicants to or students at film school or university, and whom the medium will be borne by to a greater and greater degree in the future.”
D’Initative vum Open Screen erfënnt den Kino ganz sëcherlech net nei. Mee vlaicht huet een op dësen Soiréen fir d’éischte Kéier d’Gefill dat och zu Lëtzebuerg Sand ënnert dem Pavé ass, dat sech Eppes am klengen Lëtzebuerger Land deet, dat een Lait trefft dei engem d’Méiglechkeet ginn eng Öffentlechkeet ze ereechen.

Dat klengt fett Meedchen aus Ohio

1991 seet den Francis Ford Coppola am Dokumentarfilm “Hearts of Darkness”:”To me the great hope is that now these little video recorders are around and people who normally wouldn’t make movies are going to be making them. And suddenly, one day some little fat girl in Ohio is going to be the new Mozart and make a beautiful film with her father’s camcorder and for once, the so-called professionalism about movies will be destroyed, forever, and it will really become an art form.” Den Changement vun Film op Video, op deen den Francis Coppola an dem Zitat uspillt, ass sëcherlech reng technesch gegléckt. Mir liewen an enger Zait wou d’Produktioun vun Filmer fir Jidwereen zougänglech ass. Film gouf, no der Definitioun vum Apoclaypse Now Regisseur, dëss real Form vun Konscht. Sait éiweg konnt all Mënsch en Bild moolen. Et goufen fir dëss Form keng Barrièren déi een huet missten iwwerwannen fir opmanst mool d’Méiglechkeet zehun en Bild zemoolen. D’Fro déi den Francis Ford Coppola eigentlech direkt hannendrun stellen misst, ass op all Bild Konscht ass. Ass den Film, deen een mat sengem portabelen Telefon gedréint huet Konscht? Genau hei kommen mir erem bei en Punkt deen sech ganz sëcherlech hei net léisen léisst, an amfong och op dëser Plaatz egal ass. Virun der Video Zait woar Filmer maachen daier. Villes gouf als Konscht gesinn, nëmmen well d’Production value hannendrun gestëmmt huet. Wou Geld ass, ass Konscht nët wait? Vlaicht huet d’Video Generatioun et genau aus dësem Grond méi schwéier fir gudd Filmer zemaachen. D’Argument “Dat doen kann ech och!” ass wuel technesch richteg mee ënnerschätzt oft den kënschtlereschen Aspekt hannert dem Film. Ganz sëcherlech ass och eng Angscht hannendrun. Wann all Mënsch Kino maachen kann, wou ass dann nach den Charme. Andobai missten dach gerad déi déi Kino maachen wëssen, dat nie all Mënsch Kino wäert kënnen maachen. Natierlech ginn et Cinéphilen déi sech nëmmen 35 millimeter Filmer ukucken, mee dësen verstëpsten point de vue ass mat deem vun engem Päerd vergleichbar, dat sech d’Scheuklappen selwer uleet.
Vlaicht ass d’Form vum Film deen mam Handy gedréint gouf déi falsch, dat kann een vlaicht behaapten. Mee d’Bedürfniss hannendrun ass eecht zehuelen. Et handelt sech em den Wëllen en Wierk zeschaafen an et publique zemaachen. Et handelt sech ëm den Wëllen Eppes an d’Öffentlechkeet zedroen. D’Öffentlechkeet besteet hei konkret aus breet ugeluechtener Kommunikatioun mat dem Onbekannten.
Den Francis Ford Coppola misst also och froen, wou ass dem fetten Meedchen aus Ohio wat vlaicht en Mozart ass, sain Publikum. D’Meedchen geif sain Film wahrscheinlech nie an eng Öffentlechkeet brengen. Et ginn keng Muséen fir Filmer. Wat also fehlt ass en Forum, eng Maartplaatz wou geschafen, geblärt, an gekuckt gëtt.

Distributioun – Konsummatioun. Kommunikatioun ?

Ganz sëcher muss een soen, dat et quantitativ méi schlecht Museker op der Welt ginn, ewéi sou Genien wéi Mozart. Mee meeschtens mierken dëss Museker recht fréi dat sie net an den Orchester passen. Sie kruuten opmanst d’Chance zeprobéieren. Aaner Museker léieren réischt am Orchester wou hier Fehler sinn, an kënnen durch Gespréicher dobai léieren.
Open Screen ass an wäert en Forum fir jonk Filmemaacher zu Lëtzebuerg sinn. Et geet drëm sech ausprobéieren zekënnen, seng Fehler zeerkennen, an sech zeverbesseren. Sou waisen d’Open Screen Owender schons am Laaf vun engem Joer d’Evolutioun vun verschiddenen jonken Filmemaacher.
Et geet ausserdeem drëms jonk Lait zeencouragéieren. Net andeems een hinnen seet hieren Film wier excellent, mee andeems een hinnen waist wat net gudd ass, wat net funktionnéiert, an sie encouragéiert um nächsten Open Screen neess deelzehuelen.
Et ass ouni Zweifel fir jonk Filmemaacher vun enormer Wichtegkeet, hier Filmgeschicht zekennen. Net zuläscht sinn mir zu Lëtzebuerg regelrecht verwinnt mat der excellenter Cinémathèque Municipale. Filmgeschicht aus Haut nach ëmmer eent vun deenen wichtegsten Fächer op all international Filmschoul. Genausouwichteg fir eng Evolutioun vun sengen Filmkenntnisser ass d’Kommunikatioun. Et geet net alleng duer fir Filmer eensaiteg zekonsumméieren. Genau aus dësem Grond ass et wichteg fir mat Lait iwwer Filmer zediskutéieren, mee och Filmer ze maachen an déi an den Verglach zestellen. Open Screen soll, esou wéi eng Kopéiermaschinn all Mënsch zum Imprimeur mëscht, all Mënsch zum Produzent an Konsument maachen. Den Hans Magnus Enzensberger ënnersicht 1970 an sengem Text “Baukasten zu einer Theorie der Medien” d’Verhältniss vun dem Produzent an dem Konsument: “Der Gegensatz zwischen Produzenten und Konsumenten ist den elektronischen Medien nicht inhärent; er muss vielmehr durch ökonomische und adminstrative Vorkehrungen künstlich behauptet werden.” Mee glaichzaiteg ennerscheed den Enzensberger weider: “Denn die Aussicht darauf, daß mit Hilfe der Medien in Zukunft jeder zum Produzent werden kann, bliebe unpolitisch und borniert, sofern diese Produktion auf individuelle Bastelei hinausliefe. Die Arbeit an den Medien ist als individuelle immer nur insofern möglich, als sie gesellschaftlich und damit auch ästhetisch irrelevant bleibt. Die Diapositiv-Serie von der letzten Urlaubsreise kann hierfür als Muster gelten. Eben darauf haben es selbstverständlich die vorherrschenden Marktmechansimen abgesehen. An Geräten wie der Kleinbild- und der Schmalfilmkamera sowie dem Magnettophon, die sich faktisch bereits in der Hand der Massen befinden, hat sich längst gezeigt, daß der einzelne, solange er isoliert bleibt, mit ihrer Hilfe allenfalls zum Amateur, nicht aber zum Produzenten werden kann.[…] Das Programm, das der isolierte Amateur herstellt, ist immer nur die schlechte und überholte Kopie dessen, was er ohnehin empfängt.” Glaichzaiteg verurteelt den Enzensberger, deen aus enger lenkser politescher Motivatioun schraift, och dei sougenannten Open Kanäl, an Demokratesch Forumen, well hei den Konsument senger Meenung no nemmen d’Gelegenheet kritt, sech an senger Oofhängegkeet zebestätegen. Ennermaueren kéint een dem Enzensberger sain Text mat dem Bertholt Brecht senger “Rede über die Funktion des Rundfunks” aus dem Joer 1932 deen an senger Ausso och dorops hinwaist dat een den Rundfunk aus engem Distributiounsapparat an en Kommunikatiounsapparat verwandelen soll.

Open Screen mëscht genau deen Schrëtt an mëscht aus dem einfachen Amateur en Produzent. Open Screen probéiert alleguerten d’Amateuren zevereenen an gett vir d’éischte Kéier d’Chance sech als Produzent zebewaisen. Open Screen geet ower nach en Schrëtt méi wait an gëtt op der Plaatz Fro an Äntwert. An deem Open Screen mat den Coden vun der Televisioun an dem Kino brëscht, kënnt et zur Kommunikatioun.
An genau dat ass et wat den jonken Filmemaacher fehlt.

Comment by filmreakter




Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s



%d bloggers like this: